Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg - a.s.b.l.

100 Kärze fir de Jemmy Koltz

 

De Jean-Pierre genannt « Jemmy » Koltz war e lëtzebuergeschen Historiker. Hee gouf gebuer de 27. Mee 1909 zu Frankfurt am Main an as gestuerwen de 6. Februar 1989 an der Stad Lëtzebuerg. De Jemmy, deen als Grënder vun eiser Viergängergesellschaft « Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg » gellt, géif demno dest Joër säin 100. Gebuertsdag feieren.

Dem Jemmy Koltz säin Haaptfuerschungsthema a seng Passioun war d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg. Hien huet dofir d'Dokumenter an d'Pläng studéiert, déi doruechter an den europäeschen Archive conservéiert ginn, ë.a. an den Haaptstied vun deenen, déi eng Zäit laang Här a Meeschter an der Festung waren. Hien huet Deeler vun de Kasematten esou an d'Rei sëtze gelooss, datt se net nëmmen als Ënnerstänn bei Fliegeralarm am 2. Weltkrich gedengt hunn, mee och nach haut vum Public kënne besicht ginn.

De Jemmy Koltz war President vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Commission des Sites et Monuments. Säin Asaz huet och der Restauratioun vu verschiidene Buergen a Schlässer gegollt, besonnesch dem Deel-Neesopbau vum Veianer Schlass, dat zënter dem 19. Joerhonnert just nach eng Ruin war. Hie war dann och éischte Vizepresident vun de Frënn vum Veiner Schlooss.

Hien huet eng Hellewull Aarbechten iwwert d'Festung Lëtzebuerg a verschidde Buergen a Schlässer publizéiert a war Korrespondent vun der Noriichten-Agentur Belga.

De Jemmy Koltz huet ons am Joer 1989 fir ëmmer verloos a mir wellen heimat och sengem 20. Doudesdag gedenken.

(Wikipedia a RoWA)

RSS Feed
> Home > Actualités > Jemmy Koltz (100 Kärze)