| Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg - a.s.b.l. | ||
|
Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: p.kaell (IP Logged)
Date: October 08, 2006 10:39PM Wat hal Dir vun dem neien Numm: « Musée Drai Eechelen » ?
Liest dozou den Editorial vun eisem neien Bulletin d'Information an d'Gesetz iwwert d'Installatioun vun engem Festungsmüsée am Fort Thüngen (Loi du 17 février 1997 relative à l'installation d'un Musée de la Forteresse de Luxembourg dans le réduit du Fort Thüngen). Re: Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: rowa (IP Logged)
Date: October 12, 2006 05:32PM Eise Member, den Här Hoffmann vun Diddeleng, proposéiert, datt an den Numm fir dese Musée di zwee Elementer, d.h. Festung an 3 Eechelen enthaale sinn. Re: Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: René Loschetter (IP Logged)
Date: October 15, 2006 06:42PM Deen musee wor fiirgesinn als "de la forteresse" spezifesch ann dobannen sin schonn 2 maketten vunn der festung ann dat gett jo automatesch en résumee fun onser geschicht baseiert op di stärksten festung vunn europa ann am kotext mat europa. Dass do 3 eechelen op den tiirm sinn huet mat der festung nemmen e scheinheetsrapport. Et muss also "de la Forteresse" bleiwen. Re: Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: paulpescatore (IP Logged)
Date: October 20, 2006 03:08PM Musée des "Trois Glands"? ou alors des "Trois Glandus"? Je vous demande l'effet que cela produira sur les amateurs francophones qui ne connaissent pas la raison du nom...A mon avis le mot "Forteresse" est absolument indispensable!
Au demeurant, il est fort regrettable que la FFGL ne soit pas asociée à la conception du musée. Serions-nous politiquement dérangeants? J'espère que ce musée aidera nos concitoyens et décideurs à réaliser enfin l'importance de sauvegarder et de valoriser ce qui reste de ce monument de première importance de notre histoire. Re: Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: ZeO (IP Logged)
Date: November 06, 2006 10:14AM Ennert engem Numm wei "Musée 3 Eechelen" können nëmmen dei Leit sech eppes drenner virstellen dei de Site och kännen. Et freet een sech wat an dem Musée soll gewise gin. Beim "Musée de la Forteresse" as dat eendeitech an et geet een dohin fir eppes iwert d'Festung gewuer ze gin. Den Numm "3 Eechelen" hëllt och den Eecht fun dem Musée. De Rapport teschent der FFGL an dem Musée besteet dann och net mei.Ech fannen et muss bei deem Numm "Festungsmusée" bleiwen! Re: Festungsmüsée oder Musée 3 Eechelen?
Posted by: p.kaell (IP Logged)
Date: November 11, 2006 09:16PM Am neien "Luxemburger Lexikon" (Éditions Guy Binsfeld) steet nach emmer: Musée de la Forteresse |