Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg - a.s.b.l.

De Mudam war Dënschdes zou!
Posted by: Henk (IP Logged)
Date: August 27, 2006 10:07PM

Moien!

Dat hei hat ech de 16ten August am Forum vum Wort gepost a sinn elo vum Patrick invitéiert ginn et hei hinn ze kopéieren, deem ech dann heimat nokommen!

Vill Spaass bei der Lecture :

Mier waren dann haut weeder bei d'Völklinger Hütte, nach an der Mäerecherspark op Beetebuerg, mee mer hu geduecht de Muh-Damm kucken ze goen an duer an de Kino.

Nawell séier hunn ech dat Bollwierk fonnt, ech wosst jo mol, wéi ee bei d'3 Eechele kéim, fréier... Do ukomm hu mer da missen an d'Parkahaus goen, well mer jo just e Proletarier-Astra hunnm, a kee Porsche Cayenne wéi den normale Paille-Besucher, deen een am Dreck ka parken.

Keng 5 Minutten duerno huet eis dunn e frëndleche Security-Männchen erkläert, de Musée wier zou, Dënschdes hätt deen eben zou, och op engem Feierdag. A bon... Kommentaren erspueren ech mer elo, mee fuere léiwer weider mam Bericht.

Dunn hu mer geduecht, gi mer alt en Tour ronderëm, fir de Präis vum Parking kann ee jo net no 5 Minutten nees fueren. Du koume mer du bei déi 3 Eeeschelen, wou och nach Chantier ass, esou eng Art metalle Stee fir do eran, mee hu mer geduecht, gi mer mol kucken. Ech duecht nämlech, dat wier d'Entreé vun deem berühmte Paille-Musée. Zu mengem gréissten Erstaunen huet eis de Célestin Kremer do empfaangen, ee vun den Haaptmänner vun de Frënn vun der Festung.

Charmant huet en eis invitéiert, dach en Tour duerch de Fort Thüngen ze maachen, dee keengesweegs eppes mam Musée ze din huet, dat hu si hinne versaut huet sot e ganz stolz, a seng richteg satiresch sarkastesch Oder koum erréischt komplett eraus wéi ech him als éischten haut
bäibruecht hunn, de Musée wier zou. Zënter 10h00 wier hien do, sot en, an e géif just nach e Grupp Kanner vermëssen, fir déi meescht wier dat awer kee Schued...

Maja, si mer duerch de Fort gaangen, an ech war nëmmen nach blass erstaunt, wat se do draus gemaach hunn. Et kascht näischt, an ech ka jidderengem nëmmen uroden, en Tour derduerch ze maachen. Do kann ee Säll lounen fir Hochzäiten, Banqueten asw, leider kënnt een net gutt dohinner.

D'Frënn vun der Festung organiséieren iweregens och nach aner Visiten an der Stad, op Plazen, wou ee soss net hikënnt a wou och déi wéinegst wësen, dass et se ginn.

Denkt just drun : Dënschdes ass de Mudam zou!

Greets,

Henk



Edited 1 time(s). Last edit at 08/27/2006 10:07PM by Henk.



RSS Feed
> Home > Forum